iwwer
D'Campagne ass op verschiddene Medie verfügbar
Drock-Affichen, Visuals fir sozial Netzwierker, Videoen a Form vun Interviewe mat Psychologe vum Service psychosocial a Linken op dedizéierten Websäiten. Si ass op Lëtzebuergesch a Franséisch verfügbar.
D’Zil vun der FGFC ass et ze sensibiliséieren
D’Zil vun der FGFC ass, den Agent public an och de Salarié, souwuel op senger Aarbecht wéi a sengem perséinleche Liewen, fir all psychologesch Problemer ze sensibiliséieren, déi hie begéine kéint.
Wann den Agent sech vun engem oder méi Sujete betraff fillt, kann hien d‘FGFC kontaktéieren (Schwätz matt eis. Mir beroden dech!) oder sech direkt mam Service psychosocial vun der Fonction publique a Verbindung setzen, fir Ënnerstëtzung ze kréien.
Wann Dir Supporten (Affichen) wëllt kréien, kontaktéiert w.e.g. d'FGFC fir d'Modalitéiten gewuer ze ginn.
D’Services psychosociaux vun der Fonction publique a vun de Gemengen
D’Vocatioun vun de Services psychosociaux ass et, fir ze hëllefen, psychosozial Risiken am ëffentlechen Déngscht ze vermeiden an ze intervenéieren
fir (nees) eng gutt Liewensqualitéit op der Aarbecht opzebauen, mat den Haaptziler fir dozou bäizedroen datt d'Liewensqualitéit verbessert an d’Leiden op der Aarbecht reduzéiert gëtt.
Hir Interventioune baséieren op de Prinzipien vun der Vertraulechkeet, der Neutralitéit a praktesche Léisungen, déi zesumme mam Kandidat / mat de Kandidaten entwéckelt ginn.
De Service psychosocial vun der Fonction publique funktionnéiert wärend den normalen Aarbechtszäiten - et ass keen Noutdéngscht.
D’Stied Lëtzebuerg an Diddeleng hunn doriwwer eraus hiren eegene Service psychosocial.
Am Noutfall kontaktéiert den 112.
Braucht Dir méi Ënnerstëtzung?
Wann Dir engem anonym vertraue wëllt, da kontaktéiert w.e.g. SOS Détresse oder violence.lu iwwer Telefon oder E-Mail.
Hutt Dir Froen iwwer de Service psychosocial? Entdeckt hir FAQ!
Soutien aux agent(e)s
Soutien aux agent(e)s (LU)